Eischten Abrell:
Gaming.lu ass stolz an iwwerglecklech kennen matzedeelen daat no dem Ausfall vun 2008 Letzebuerg erem op enger WCG vertrueden waert sin.
An enger Zesummenarbecht mat den WCG-Team Benelux an den Sponsor RealNetworks ass et eis meiglech een komplett Team op Chengdu an China ze schecken.
RealNetworks dei eischt den 28 März 2009 bekannt gin hun daat hieren Siège op Letzebuerg kennt wellen esou hier Präsenz um letzebuerger Marché verstärken.
Dei amerikanisch Entreprise, bekannt duerch den RealPlayer, well hier Positioun um Marché vun Klingeltein an Handyspiller festigen, an waat ass eng besser Reklamm wei den Haaptsponsor niewend Samsung vun der WCG Benelux ze gin?
Gaming.lu, duerch seng langjährig aktiv Positioun an der letzebuerger Szene ass virun 2 Wochen ungeschwaat gin an huet sech mei wei erfreed gewissen dessen Projet ze encadreiren. Fir elo kennen un den Success vun 2006 an zemols 2007 unzeschleissen, huet d'Equipe vun gaming.lu sech fest virgehol nemmen dei beschten Leit am Counter Strike, Warcraft an Guitar Hero World Tour an China ze schecken. Doweinst wellen mer net een Clan schecken, mee hoffen daat dei beschten Leit sech zesummendin fir eng Equipe op d'Been ze setzen.
Dei drei Spiller kreien je een Coordinator, deen sech dann em seng Leit kemmeren soll. An fir genee des Positioun sichen mer nach Leit, dei motiveiert sin, d'Spill kennen, Erfahrung hun am Encadrement vun enger Equipe an dei am August Zeit hun fir mat an China ze goen.
Meld iech einfach bei eis, daat mer kennen dessen Projet unpaacken.
Doc/Landaro/Steltek