Loading...
Login
remember my login


Search




Sub Categories

// Articles
  1. Game Reviews
 
Loading...
 

The Bourne Conspiracy - PS3 Review

by le12ro | 08.07.2008 | 13:16

Become the perfect weapon...



..Become Bourne.

Dikkrech, July 2008 – Opgereegt paacken ech de Gebuerstsdaach Cadeau, deen ech vum m00nzter kruut, aus. An Iwwerraschung! Et ass neien Fudder fiir d’Playstation 3 an zwar “The Bourne Conspiracy”. Hooray! Noo ee puer Minutten ass den Daatentraeger an der Consoul an noo enger kuerzer Installatioun ass een schon mam Jason Bourne ennerwee. Kann de läschte Knaller vun High Moon Studios an Sierra net nemmen fiir d'Fans eppes, oder ass et just ee schlechte Spill zum Film? Di Aentwaert op dest Froo ass an dessem Review ze fannen.


Nookampfscene geint een Terrorist.


Nookämpfer mat engem oder puer Geigner sinn net selten.


Et schlüpft een an der Haut vum Jason Bourne eran, een Fraiwellegen deen vum US Governement als Assassin ausgebildt guff. Hien ass eng perfect Waff - kann all Sorten vun Nookampf an wees wei een mat Scheisswaffen emgeeht. Ausserdem fennt hien emmer an all ausichtloos Situatioun een Wee raus – Flucht aus enger Ambassade verfollegt vun Specialtruppen, rasant Fuert duerch Parais an engem Mini, ee Steft als deidlech Nookampfwaff? Daat sinn nemmen Beispiller aus dem Alldaach vum Bourne deen een och am Videospill remfennt.


Am Spill daarf een net nemmen den eischten Film duerchspillen, mais och de Bourne seng Vergaangenheet als Killer iert hien seng Ernerrungen duerch een messbegleckten Ansaatz verleiert. Kuerz gerendert Cutszenen erzielen d’Geschicht, mais ween di Filmer net gesinn huet get direct verluer, vue que dei zimlech kuerz, hecktesch an un-informativ sinn. Unschein: Di gerendert Cutszenes sinn mam Vergleich zoum Spill schlecht gemaach, Charactären sinn schlecht animeiert, schlecht vertoun an benotzen och nach aaner Models wei am Spill selwer. Schlecht. Genuch vun der Geschicht, weider mam Gameplay.


Alldaach vum Bourne 2


"Escape the Embassy" - Berühmt Scène vum Film, am Spill gudd iwwersetzt.


Et geseit an steiert een den Held duerch di drett Perspective. Trefft en een Geigner, kann een deen duerch seng Scheisswaff (wann meiglech) oder mam Nookampfsystem ausschalten. Deen ass nämlech d’Haerz vum Spill. Wann een Geigner noo genuch ass, wiesselt d’Spill automatesch am Nookampfsystem em, deen zimlech simple gestrekt ass vue que een nemmen ee puer Tasten dofiir braucht. Et schleit een zou, verteidegt sech, kann een comboen erleedegen an sein Adrenalinspiggel opfellegen. Wann deen heig genuch ass, kann een de Geigner duerch sougenannt Takedowns K.O. maachen, an zwar am Bourne-Style. Ass de Spillcharacter noo genuch vun engem Desch, gett de Geigner dropgeschlooen. Wan nee puer Geigner rondremsinn, ginn dei combomeissech zesummengeschooen. Daat selwecht gelt am Scheissmodus. Mat genuch Adrenalin kann een automatesch ee puer Geigner een Headshot verpassen. Takedowns sinn Kinoreif presenteiert an richtecht Eyecandies. Et kann een och de Bourne sein Instinct benotzen deen Items, Geigner an wichtecht Objeen hervierhiew. Spilleresch ginn et och vill “Simon says” Scènen: an ingame gerendert Cutzenes muss een eng Serie vun Knäppercher drecken dei um Schierm kommen. Ee falschen Knäppchen am falschen Moment an de Bourne ass benoodeelecht. Et get och eng arcademeissech Rennscène duerch Parais mam Mini.

Spilleresch emmer oofwiesselung – et verfolgt een een Geigner duerch een Metrosystem, fiir douno an engem Frachtfliiger de Showdown ze erliewen. Ee puer Levels drop probeiert een een professionellen Sniper (bekannt als “The Professor” vun de Filmer) ze entkommen an d'Final geschitt an enger brenddener Scheier. Super! Mais ween leiwer schleicht ass feehl am Platz: vue que Geigner irgendwei alleguert een duerch d’Mauer geseit ass et unmeiglech ouni Kampf duerch d’Levels ze kommen – et gett een mei belouhnt agressiv an Bourne meissech ze spillen, an zwar op Geigner ze scheissen oder aus der Deckung ze locken, dropzesprinten, ze schlooen an duerch Takedowns freckmaachen – elegant, brutal, kinoreif komplett am Bourne Style.


 Takedown Beispill


Alldaach vum Bourne: Hei beim Takedown vun engem Boss.


Visuell an Soundmeissech ass Spill richtecht belouhnend. D’Nookampfscenen an d’Takedowns ginn, wei vierdrun metionneiert, richtecht gudd präsenteiert an d’Levels bidden oft Oofwiesselung vue que dei mat Detailler sinn vollgepackt. Bei Geleigenheet ginn dei och physicalesch korrekt futti soguer Deckung kann een wechscheissen. Als Beispill an enger Bibliotheik verstoppt een sech hannert d’Regaler wann een dropgeschoss gett fiir Deckung ze fannen. Et fleien Regaler an Bicher rondrem an engem Takedown gett een Dictionnaire als Waff benotzt. De Titel braucht ze graphesch net ze verstoppen, kee Wonner, et benotzt och d'Unreal 3 Engine. Di meescht Musekdeeler an Soundeffecter stammen direct aus de Filmer. Soumatter ereegt d’Spill waat d’Entweckler wollten: Et huet emmer d’Gefill am der Haut vum Bourne ze stiechen (visuell, gameplaymeissech an Soundtechnesch) an een Deel vum Film nozespillen.


Mais d’Spill huet leider ee puer Problemer. D’Kamerasystem ass befriddigent, an wiesselt oft an Positiounen dei spillbaar schlecht sinn (z.B. hannert eng Mauer oder  iwwert Deck). Net alles kann een als Deckung benotzen an manchmool sinn d’Leveloofgrenzungen net ze erkennen. D’Charactären kinnten och mei Emotiounen weisen, de Bourne huet quasi emmer de selwechten Gesiichtausdrock, wann hien zerschlooen gett oder wann hien stiewt. De Nookampfsystem ass d’Haerz vum Spill, mais leider gett daat geint den End vum Spill vun den LevelDesigner vergiess an scheisst een sech meeschtens duerch Schaaren an Massen vun Geigner dei och mat all possibel Kaliberen bewaffnet sinn – et wier besser wann am Spill manner Scheisselementer wieren. Probeiert een am Nookampf ze gooen, geseit een schnell de “you’re dead – mission failed” Schierm vue que een quasi emmer keng Chance  geint bewaffnet Leit am Nookampf kennt. Schued. D’Adrenalin luedt sech och ze lues noo, hätt een sech leiwer mei Geigner erwenscht dei manner aushaalen fiir mei Takedowns ze gesinn. Dreier Takedowns sinn doweinst seelen ze gesinn. Et muss een als eischt seng Adrenalin Bar voll hunn an och nach drei Geigneren noobeineen kreien. D’Control vun de Scheisswaffen ass och ee ungenau an huet een oft Problemer präzis ze treffen. D’Bosskämpfer, dei meeschtens am Nookampf geschitt endens oft mat enger Try&Error Spillweis. De Bourne Instinct gett och geint den End vum Spill emmer seltender benotzt vue que et neischt offreiert oder weisst. Den End vum Spill geseit een och vill ze schnell – och wann een et fiir d’eischt op Medium spillt. Eigentlech Schued.


Alldaach vum Bourne


Autoen ginn als Waff benotzt - d'Explosioun verwirrt an blesseiert Geigneren.


Zu der Conclusion. “The Bourne Conspiracy” ass ee solid Spill, deen vill Oofwiesselung unbidd, visuel an soundtechnesch gudd ass, mais awer ee puer Macken am Gameplay (Steierung bei Schossauschtosch, net genuch Nookämpfer, Adrenalin schweier “opzelueden", Kamera well net emmer, vill ze schnell eriwwer) an am Storytelling (fiir leit dei de Film/Bicher net kennen ginn verluer). Am End reicht Spill net aus fiir een Knüller ze sinn, mais ween een seit emmer een Fan vum Jason Bourne waar fennt hei een Spill deen quasi speziell fiir dessen Grond entweckel goff. Endlech daarf een de Bourne sinn, de Bourne steieren an Bourne-meissech alles emnieten, och wann et nemmen fiir ee puer spaasech Stonnen ass. Dobai vergiesst een gaeren di kleng Macken. Di aaner Leit, dei mam Ludlum sein Character naischt unfänken kennen, leisst d’Spill eher een kaal.




 


You need to be logged in to write comments.

cnspiracy
08.07.2008 @ 19:06:27

kanns de mer daat emol leinen? :P
top Artikel, nemme weider sou



doc.twn
08.07.2008 @ 17:15:39

top artikel le12ro, merci
wir frouh wann mer méi leit hätten déi sou motivéiert giffen eppes hei zum site baidroen wéis du 8)



le12ro
08.07.2008 @ 16:27:19

Ech als Bourne Fan hunn gudden Spaas um Spill. Deen gett demnächst rem op Hard duerchgespillt an ech hoffen mer, d'Entweckler brengen de zweeten an och de dretten Deel vum Film als Spill eraus. Hooray.



 


Currently online