Loading...
Login
remember my login


Search




Sub Categories

// Articles
  1. Game Reviews
 
Loading...
 

Mario Kart Wii

by Christophe | 14.04.2008 | 12:25

Mario Kart Wii

Ech hun et säit e puer Deeg, an wollt mol probéieren eng Art Review ze maachen. Super Mario Kart um SNES war einfach en Hummer deemols, an ech hat leider keng Nintendo Konsol méi säitdem, an dofir as dest den éischten aus der Reih den ech rem kaaf hun. Den Mario Kart 64 hun ech zwar oft bei Kolleegen gespillt, genau wi d'Gamecube Versioun. MK64 war zimlech Mescht am Verglach zum Original. D'GC Versioun hun ech ze mann gespillt fir wierklech eppes kennen driwwer ze soen. Also héich Erwaardungen hat ech.

Matt 41€ wuel mäi bellegst Wii Spill bis lo. Net schlecht wann ee bedenkt dass d'Kescht méi grouss as, an en Plastikssteierad draläit. Leschteres as éischter eng Schabloun wou een d'Wiimote einfach rastecht, horizontal. Hun dun eng License matt mengem Mii gemaach an mech mol an der 50cc divisioun un den Mushroom Cup gemeet. Mushroom, Flower, Star an Special Cup heeschen se nach emmer, an all Divisioun huet 4 nei Strecken. Dobäi kommen 4 Cups matt Remakes vun aaneren Mario Kart Strecken (N64, SNES, GCN, GBA, DS). 32 Rennstrecken also. Net deck, wann der mech frot, mee awer nach duerchschnettlech.

Di nei Strecken sin allerdings ganz gudd gelongen an t'mecht wierklech Spaass se ze fueren, och fir d'10. Kéier. Power-ups gin et natierlech och rem. D'Klassiker sin nach all dobäi, ofgesin v'lläit vun der Fieder oder sou. Dobäi kommen der och nach 3 di et nach net goufen. T'as nees sou dass een op den éischten 3-4 Plaatzen kaum staark Power-ups kritt, an op de leschten 3-4 kaum Schwaacher. Eng Course huet bis zu 12 Teilnehmer, grad wi eng Balloon Battle oder Coin Running.

D'Battles sin am Singleplayer fuerchtbar Mescht, leider. Et huet iergendswéi keng Atmosphär. Mee wen Internet huet, huet souwisou keen Grond alleng ze spillen. An do läit de groussen Bonuspunkt um Mario Kart Wii. Online Rennen an Battles. Ouni KI. Zwee Klicks an t'huet een eng Erausfuerderung, wahlweis Weltwäit, Kontinental oder matt Kolleegen. Et gin 10 Battlestages, 5 Neier an 5 Remakes. D'Waardezäiten si minimal, vergläichbar matt Luedezäiten um PC. Dat eenzegt wat mol as, dass een waarden muss bis den laafenden Match riwwer as. D'Streckenauswahl erfollegt duerch Voting, wou dueno dann de Server zoufälleg eng hellt.

Dat ganzt fonktionéiert matt Ratings, wou een Ufangs 5000 Punkten huet an sech duerch gudd Positionéierung an Teamefforten an de Battles sech der dobäi verdengen kann, mee och ee ganze Koup verléieren kann. Bis lo wees ech net sou richteg ob den System vill ausseet. Ech hun schon e Koup Rennen gewonnen géint 6500er an der verluer géint 4500er.

Allgemeng kann een zwar soen, dass een als hallefweegs talentéierten Spiller kee Problem dierft hun mol di eng oder aaner Course ze gewannen. D'Steierung mam Wheel fannen ech jiddefalls immens einfach, sou dass een an Klassen enner 150cc kaum vun der Streck ofkommen dierft. V'lläit wann een d'Reflexzäiten vun engem Saack Zement huet...

Wat nach erwähnenswert as, as dass et niewt Karts och Bikes gin, an dass een duerch Grandprix Leeschtungen och nach verschidden Karts, Bikes an spillbar Characters fräischalten kann. All Kart huet aaner Fuereegenschaften, och ofhängeg dovun wen drasetzt. Den Donkey Kong huet natierlech den Gewiichtsvirdeel géigeniwwer dem Diddy Kong asw. Den eegenen Mii kann een och fräischalten.

Schlussendlech as d'Spill 41€ wert, an beschaaft engem awer vill Stonnen Freed wann een am Internet spillt. Ob ech et souvill spillen wert wi d'SNES Versioun bezweifelen ech zwar nach.

+ Online Modus
+ Gudd nei Strecken
+ Menüféierung
+ Singleplayer Grandprixen
+ Verschidden Karts an Bikes
+ 19 spillbar Characters
+ Steierung mam Wheel mecht wierklech Spaass

+- (?) Méi komplex Battle maps

- Singleplayer Battles
- Remakes vun deelweis wierklech langweilegen Strecken
- Net terribel vill Strecken
- Battles sin Team only

Bis dann.


You need to be logged in to write comments.

SoliD
14.04.2008 @ 13:13:51

Desen review huet mir loscht op mario kart gemaach ;)



 





Currently online